Virum Hannergrond vum rezenten Accident tëscht engem Won vun der Police an engem onbedeelegte Chauffeur beim Tunnel Cents op der A1 den 10.06.2019, deem eng Verfolgungsjuegd matt iwwer 170 Km/h vun engem aneren Auto virausgangen ass, stellen ech mir an dem Kader e puer Froën:
- Wéivill Accidenter an denen e Policeauto verwéckelt wor gouf et an de läschte 5 Joër?
- A wéivill Fäll gouf d'IGP matt Reklamatiounen/Plainte'en betreffend dem Fuerverhale vu Polizisten am Déngscht vir de selchten Zäitraum befaasst?
- War, um Beispill vum spektakulären Accident vum 10.06.2019, respektiv deem trageschen Accident vum Abrëll 2018 wou e Polizist bei der Kollisioun vun 2 Policeween ëm d'Liewe koum, d'Verhältnisméissegkeet vun de Mëttel gin vir och onbedeelegt Verkéiersteilnehmer während enger course-poursuite a Gefor ze brengen, vu datt a béide Fäll de flüchtege Chauffeur e puer Deeg mi spéit konnt ermëttelt gin?
- Wéi gesäit d'Formatioun am Stroosseverkéier vir esou Poursuite'en bei Polizisten aus?
- Gëtt an esou Formationen besonnesch Wert op de Respekt vis-à-vis vun den anere Verkéiersteilnehmer oder Foussgänger geluecht?
- Wéivill Wert gëtt allgemeng op d'Relatioun tëschent dem Verhalen am Stroosseverkéier vu Polizisten am Déngscht an dem Image vun der Police geluecht?
- Wéi erklärt de Minister sech, datt ee ganz oft an der Bevölkerung héiert datt d'Police, am Géigesatz zu de Rettungsdéngschter beispillsweis, sech am Stroosseverkéier heefeg nët un de Code de la route hale géif, respektiv duerch en aggressivt Fuerverhalen opfale géif?