Alt erëm gett et eng Penurie hei am Land vun ALL Zorten medizinesche Cannabis.
De "Blue" de "Yellow" an de "RED" si säit iwwert 1 Mount en rupture de stock.
Den Apdikter aus de Spideeler no dauert et op mannst nach e Mount bis eventuell eng nächst Liwwerung kennt.
Wat ass de Sënn an Zweck vun enger Therapie mat Cannabis wann een se all puer Méint MUSS ofbriechen an erëm op staark Barbituraten a Psychopharmaka forcéiert gëtt emzesteigen well d´Medikament Cannabis net verfügbar ass?
Den effet bénéficiaire vum Cannabis dauert Méint bis en seng voll Wierkung entfalt, permanent rupture de stock féieren dozou dass all Patient seng Therapie quasi erëm vu vir ufänken muss all Kéier nodeems se ënnerbrach gouf.
Ass de Ministère de la santé sech bewosst dass all Ennerbriechung vum Traitement gesondheetlech Rëckschléi mat sech brengt?
Firwat ass et zou der momentaner Rupture de stock komm?
Wéi laang genau besteet déi Rupture de stock schonn fir déi eenzel Zorten?
Firwat ass et net méiglech méi e grousse Stock vu Cannabis unzeleéën fir dass et net méi zu enger Pénurie kennt?
Wéivill Pénurien sinn et säit Ufank vum medizinesche Cannabis scho ginn a wéi laang hunn se gedauert?
Wéini kennt déi nächst Liwwerung?