Moien, 
	  
	Ginn et Richtlinnen wéi laang nodeems d´Resultater vun enger Blutt oder Urinanalyse, déi komplett fäerdeg ass, de Labo d´Resultater muss an den DSP vum Patient era stellen? 
	  
	Bei mär war et vum 05. Februar 2024 bis den 30. März 2024. Also 2  Méint, bis meng Resultater a mengem DSP waren. 
	  
	Meng Fro un d´Ministesch wier: 
	  
	Vun deenen 3 groussen Laboratoiren hei am Land, Laboratoires réunis, Ketter Thill a Bionext, wat war dee längsten Delai, nodeems eng Blutt oder Urinanalys komplett fäerdeg war,  bis de Labo d´Resultater  an den DSP vum Patient erop gelueden huet? 
	  
	Merci. 
	MbG