FRO.LU is under Development
+3 Stimmen
708 Aufrufe

Mobbing a Cybermobbing si riseg Problemer an eise Grondschoulen, Lycéeën a Structures d'accueil. Ech war di leescht 16 Méint an iwwer 150 Grondschoulklassen ënnerwee fir an oppe Gespréicher iwwer di Problemer ze schwätzen an et ass erdréckend d'Unzuel ze gesinn u Kanner déi scho gemobbt, bzw. elo nach gemobbt ginn. Wat hinnen dann am meeschten am Häerze wei deet ass, datt hir Stëmm net gelauschtert gëtt. Esou Aussoe wéi "Et ass dach egal wa mir eppes soen. Et geschitt souwisou Näischt" sinn a bal alle Klasse gefall.



Meng Froe sinn:   


1- Gëtt et eng ëffentlech Statistik déi wéist wéi héisch den Taux vu Mobbing / Cybermobbing an de Schoulen & SEA'en ass?


2- Gëtt et eng ëffentlech Statistik iwwer d'Unzuel vu Plaintë bei der Police, déi op Mobbing / Cybermobbing an de Schoulen / SEA'e baséieren?



Angenommen und geschlossen
in Éducation nationale, Enfance et Jeunesse von
Angenommen und geschlossen von | 708 Aufrufe

4 Kommentare

Gudden Moien,

Dei URL dei dier ugitt gët et op ären Site leider net (404):

https://piraten.lu/fro-lu-mobbing-an-de-schoulen/

Gudde Moien,


D'Äntwert ass elo vum Educatiounsministère komm. Hei misst d'Äntwert ze fanne sinn: https://piraten.lu/fro-lu-mobbing-an-de-schoulen/

Sot Bescheed wann de Link net fonktionnéiere sollt.


Gudde Moien,


Merci fir d'Äntwert. 


Vereinfacht heescht et, am Fong, datt et keng reell Statistike ginn zu dësen zwee Problemer. D'Realitéit ass awer nach ëmmer déi, datt Mobbing a Cybermobbing ee reelle Problem sinn an de Schoulen a Structures d'accueil an ech fannen et géif immens sënnvoll sinn, esou eng Statistik duerchzefeieren an de Schoulen, direkt bei de Schüler, fir eng Iddi ze hunn iwwert de reellen Ausmooss. An da brauch een natierlech och konkret Mesuren. 


Ouni konkret Richtlinnen vum MEN, ass een Enseignant oft verluer a weess net wéi hien de Schüler kann hëllefen. An och wann eng Direktioun do ass fir engem weider ze hëllefen, hunn si dann och di néideg Outilen oder Autoritéit fir gerecht a sënnvoll ze handelen? Et kann och net sinn, datt bei extreme Fäll d'Léisung déi ass d'Kannt wat gemobbt gëtt an eng aner Schoul ze schécken. Leider ass awer dat keen Eenzelfall an et ass jo net schwéier ze verstoen, datt ee Kannt wat gemobbt gëtt an duerno och nach eng Schoul muss wiesselen immens Sequellen dovunner dréit. 


Et geet och net duer, Programmer ronderëm dee Problem ze lancéieren, déi a Wierklechkeet keng reell  Richtlinne fir d'Enseignanten an/oder  Ënnerstëtzung fir D'Opferen ubidden. 'Visibility over substance' ass natierlech schéin no baussen, awer net de richtege Wee,  a souwuel eis Kanner wéi och eis Enseignantë brauchen eng Politik, déi si heibäi ënnerstëtzt. Et ass essentiel, datt d'Moossname substantiell sinn an all Schoulakteur dobäi ënnerstëtzen dëse Problem an de Grëff ze kréien.  



Dir hutt ganz Recht mat deem wat dir sot, an d'Piraten propéieren och dës Punkten ëmmer erëm an der Chamber opzewerfen an Ännerungen an der Denkweis ze bewierken.

1 Reaktion des Abgeordneten - Anfrage angenommen

Beste Antwort

Gudde Moien,

Mir entschëllegen eis fir de Retard.

Mir hunn är Fro un d'Regierung weidergeleet. Dir kënnt se hei noliesen: https://piraten.lu/fro-lu-mobbing-an-de-schoulen/

Mir soen hei bescheed wann d'Äntwert do ass.


Wa soss nach Froe sinn, zeckt net.

MfG

von
Wilkommen auf FRO.LU - Hier können Sie ihre parlamentarische Anfrage vorschlagen. Die Abgeordneten Sven CLEMENT, Marc GOERGEN und Ben POLIDORI werden diese dann offiziel an die Regierung richten. Die Antworten werden daraufhin veröffentlicht und auf FRO.LU publiziert.