FRO.LU is under Development
+1 Stimme
474 Aufrufe

Bonjour


Ech hätt eng Fro un de Justizminister zu den "Sarl-S" Gesellschaften, also de sougenannten "1-Euro-Gesellschaften". 


Dës existéiere säit 2017 a ginn duerch d'Artikele 720-1 bis 720-6 vum ofgeännerte Gesetz vum 10.08.1915 iwwert d'Handelsgesellschafte gereegelt. Hei steet am Artikel 720-5 dass des Gesellschaften an hirem Numm mussen de Begrëff « société à responsabilité limitée simplifiée » oder « SARL-S » beinhalte fir dass ee sie ka ganz liicht vun normalen oder richtegen SARL-Gesellschaften ënnerscheeden. 


Wann een elo am RESA (Recueil électronique des sociétés et associations) kuckt, dann ass dat awer a ganz villen (ech géif mengen d'Hallschent) Fäll net sou. An dëst vun 2017 un. Bei ganz villen steet just e Numm ouni eppes hannendrun. Hei wéilt ech mol nofroen:


1. Gëtt et offiziell Zuelen a wéiwäit des Regel agehale gëtt?


2. Firwat gëtt dëst net kontrolléiert?


3. Vu dass dës Praxis Contraire zum Gesetz ass, sinn hei Sanctioune virgesinn? Wann jo, wéi eng?


4. Kéint beim Androe vun enger SARL-S an den Handelsregëster des "SARL-S" Endung net automatesch bäigesat ginn?


5. Ass et gewollt dass de potenzielle Client op des Manéier liicht ka getäuscht ginn well hien net direkt gesäit ob et sech em eng Firma „mat Substanz“ handelt oder net.


6. Well bei dëse Gesellschaften och d'Statuten net musse vun engem Juriste/Notaire opgesat ginn, gëtt am RESA kontrolléiert op dës Statute juristesch korrekt a kohärent sinn?


Merci

Angenommen und geschlossen
in Justice von
Angenommen und geschlossen von | 474 Aufrufe

1 Kommentar

Gudde Moien.

Mir entschëllegen eis fir den Retard bei ärer Fro. Vue datt hei eng Réi Recherchen ze maachen sinn wäerten mir eis schnellstméiglech drëms këmmeren mee bieden ëm Versteesdemech datt et nach e puer Deeg kéinnt daueren.

MfG

1 Reaktion des Abgeordneten - Anfrage angenommen

Beste Antwort

Gudde Moien,

Mir hunn elo eng Fro un de Wirtschaftsminister geschéckt déi dir hei kënnt noliesen: 

https://piraten.lu/fro-lu-sarl-s/


Wéi gewinnt soe mir op dëser Plaz bescheed wann d'Äntwert bis do ass.


Mat frëndleche Gréiss,

von
Wilkommen auf FRO.LU - Hier können Sie ihre parlamentarische Anfrage vorschlagen. Die Abgeordneten Sven CLEMENT, Marc GOERGEN und Ben POLIDORI werden diese dann offiziel an die Regierung richten. Die Antworten werden daraufhin veröffentlicht und auf FRO.LU publiziert.