FRO.LU is under Development
+2 Stimmen
491 Aufrufe

Léif Piraten,

 

 

Ech géif heimadder gär eng Parlamentaresch Fro un d’ Digitalisatiouns Ministesch an dem Minister vun der Fonction Publique stellen.

 

Ech schaffen als Programméierer an enger A Carrière mat engem entspriechendem Diplôme Informatique beim Staat. Ech hunn awer keen Usproch ob d' Prime Informatique. An dat laut dem Article 2 vum “Règlement du Gouvernement en Conseil du 11 mars 1994 concernant la prime d'informatique”. An zwar well ech net an engem agreéierte “Service informatique” schaffen. Meng Tâchë sinn awer änlech komplex wei Tâchën op anere Plazen vun engem agreéierte “Service informatique”. Dat weess ech aus eegener Erfarung.

 

Well d’ Digitalisatioun awer schnell viru Schrëtt an de Staat immens vill Programméierer, Operateuren, Data Analysts, etc. astellt. Sinn ech der Meenung datt d’ Reglement vun der Prime Informatique e bëssen outdated ass a misst ugepasst ginn.

 

Zu menge Froen zielen:

 

1. Firwat muss een an engem agreéierte “Service informatique” schaffen fir d' prime ze kréien ? Obwuel et och Programméierer, Analysten etc. gëtt déi net a sou engem Service schaffen.

 

2. Kéint an Zukunft un eng Upassung vun de Bedingungen geschafft ginn fir deenen Léit och een Usproch op d’ Prime ze gewährleeschten ?

 

3. Ginn et Statistike vu Léit déi just den 2. Artikel net afëllen, also Léit dei mat engem Diplôme Informatique agestallt sinn awer net an engem agreéierte “Service informatique” schaffen ?

 

Hei nach e puer Links fir méi Infoen an eng Parlamentaresch Fro iwwert d' Prime Informatique an engem anere Kontext:

 

Reglement: https://legilux.public.lu/eli/etat/leg/rgc/1994/03/11/n1/jo

Parlamentaresch Fro Nr. 5052: https://www.chd.lu/fr/question/22327

 

Merci !

 

LG


in Fonction publique von | 491 Aufrufe

2 Kommentare

Gudde Moien,

D'Prime informatique beim Staat ass agefuert ginn, fir enger konkreter Noutsituatioun entgéint ze wierken, well de Staat keng Informatiker fir d'Services informatique fonnt huet. D'Piraten kënnen dës punktuell Punkteerhéijung gutt heeschen, sinn awer net der Meenung, datt dës sollt op all d'Mataarbechter ausgeweit ginn. Mir bieden ëm Ärt Versteesdemech.

Wéini gouf et déi Noutsituatioun dann? An de 70er Joeren? Mir sinn entretemps am Joer 2024.


Hei get a priori eng Upassung vun der base légale gefuerdert.

Bitte logge dich ein oder melde dich neu an um die Frage zu kommentieren.

Wilkommen auf FRO.LU - Hier können Sie ihre parlamentarische Anfrage vorschlagen. Die Abgeordneten Sven CLEMENT, Marc GOERGEN und Ben POLIDORI werden diese dann offiziel an die Regierung richten. Die Antworten werden daraufhin veröffentlicht und auf FRO.LU publiziert.