FRO.LU is under Development
+1 Stimme
343 Aufrufe

Den EU Justice Scoreboared verglach all Joer déi verschidde Gerichtssystemer am Europa. Lëtzebuerg huet de um mannsten digitaliséierte Justizsystem an Europa (Fig 42 & 47). Et ass ee vun nëmmen 3 Länner wou Parteien net kennen hir Dossieren online verfollegen. An et ass den eenzege Land den seng Justizinformatiounen am Internet net an all Landessproochen zougänglech mécht. Och um e-Justice Portal ass Lëtzebuerg den eenzege Land wou näischt digital geet. Dowéinst meng froen:


- Wat ass de Plang fir d'Justizsystem ze moderniséieren a mei transparent ze maachen?

- Wat sinn déi gréisste Schwieregkeeten, déi d'Digitaliséierung vum Lëtzebuerger Justizsystem bis elo bremsen?

- Wéini wäerte Verhandlungspartien Dossieren um Internet kënne verfollegen?

- Gett et Pläng de Portal  justice.public.lu op all Landessproochen accessibel ze maachen? Wan net, fir wat?

- Huet Lëtzebuerg Hëllef vum EU Justice 2021-2027 oder ë anere EU Programm fir'd Justizdigitaliséierung ugefrot?

- Gett et Statistiken iwwer de Delai vun Dossieren ewell Dokumenter nitt beim Gericht ukoum sinn? Ë ëffentlech Noverfollegungssystem géif esou eppes transparent maachen an de Prozess mei effizient.


in Justice von | 343 Aufrufe

1 Kommentar

Gudde Moien,


eisen Deputéierten informéiert, dass Verbesserungen zum Thema "Paperless justice" an der Justizkommissioun ugekënnegt goufen. Ufanks nächst Joer wäert do ee gréissere Projet virgestallt ginn, wou et eben ëm d'Digitaliséierung geet. Dëst ass och am Budgetsdokument fir 2025 erauszeliesen:


Dans le cadre du programme « Paperless Justice », qui couvre un ensemble de projets ayant pour objectif la digitalisation des échanges entre autorités judiciaires, le développement du logiciel d’exploitation de la chaîne civile va notamment entrer en production fin 2024, début 2025.


Mir géifen d'Fro dofir zum aktuellen Zäitpunkt net stellen, mee se en suspens halen, falls sech do näischt sollt doen.



Merci villmols fir Är Initiativ!

Bitte logge dich ein oder melde dich neu an um die Frage zu kommentieren.

Wilkommen auf FRO.LU - Hier können Sie ihre parlamentarische Anfrage vorschlagen. Die Abgeordneten Sven CLEMENT, Marc GOERGEN und Ben POLIDORI werden diese dann offiziel an die Regierung richten. Die Antworten werden daraufhin veröffentlicht und auf FRO.LU publiziert.