FRO.LU is under Development
+2 Stimmen
57 Aufrufe

Moien,

Laut Aussoen vun der Madamm Deprez solle vum 1. Januar 2025 un e puer Ännerungen am Zesummenhang mam medezinesche Cannabis a Kraaft trieden:
https://www.chd.lu/fr/seance/2961?sequenceId=241590.

Ech hätt eng Rei Froen dozou:

  1. Cannabisreserven

    • Wéi steet et mam aktuelle Bestand vun allen Cannabis-Reserven, inklusiv Uelegprodukter?
  2. Bestellungen ab Januar 2025

    • Wéi eng Cannabis-Produkter ginn ab Januar 2025 nach regelméisseg bestallt, a wéi enge Quantitéiten?
    • Wéi eng Bléie wäerten dann nach verfügbar sinn, a wéi en THC/CBD-Gehalt hu se?
    • Wéi eng Ueleger wäerten nach verfügbar sinn, a wéi engem THC-Gehalt entspriechen se?
  3. Patienten an ALD-Coden

    • Wéi vill Patienten hu vun Januar 2024 bis elo regelméisseg Cannabis-Bléie verschriwwen kritt? Kënnt Dir d'Donnéeën no THC-Gehalt an ALD-Code uginn?
    • Wéi vill Patienten (anscheinend jo 99%) mat Pathologien ewéi chronesch Peng hunn an dëser Zäit Cannabis-Produkter verschriwwen kritt? Gëtt et eng Opdeelung no THC Gehalt an ALD-Coden?
    • Wéi vill Patienten kréien Ueleg verschriwwen, a wéi eng ALD-Coden gëlle momentan dofir?
  4. Regulatioun ab Januar 2025

    • Wéi eng ALD-Coden ginn ab Januar 2025 nach zougelooss, fir dass e Patient Cannabis-Produkter ka verschriwwen kréien?
    • Wéi gëtt déi progressiv Ofschafung vu Bléien mat héijem THC-Gehalt ëmgesat?
    • Wéi eng maximal Quantitéiten a Cannabis-Produkter dierfen d'Patienten pro Mount verschriwwen kréien?
  5. Begleedung vum Patient

    • Wéi eng Programmer oder Suivi-Mesurë si virgesinn, fir d'Reduktioun vum Konsum vu Bléien ze erliichteren?
    • Wéi an duerch wien gëtt de Patient iwwert dës Ännerungen informéiert?
  6. Therapeutesch Konsequenzen

    • Wéi ass et ze veräntweren, dass Patienten eventuell erëm op staark pharmazeutesch Medikamenter zeréckgräife mussen, fir hir Krankheet ze behandelen?
    • Goufen zënter der Aféierung vum medizinesche Cannabis Emfroën bei de Patienten gemaach, fir ze evaluéieren, wéi wäit hier Krankheeten duerch de Konsum vu Cannabis besser ze erdroen sinn? Falls jo, wéi eng, falls net, firwat net?
  7. Aussoen an Erkenntnisser vun der Madamm Deprez

    • Wourops baséiert d'Madamm Deprez hir Ausso https://www.lessentiel.lu/fr/story/protection-des-patients-le-luxembourg-modifie-la-reglementation-sur-le-cannabis-medical-103224548, dass:

      "Le dosage et l'utilisation des fleurs de cannabis sont difficiles et peu reproductibles (...). L'efficacité et les bienfaits thérapeutiques du cannabis médical n'ont pas encore été entièrement prouvés scientifiquement."

    • Wéi steet d'Madamm Deprez zu de folgende wëssenschaftleche Studien?
    • Recommandation du Conseil Scientifique
    • BMJ: Therapeutic Use of Cannabis
    • Pain Medicine Journal
  8. Aspuerungen
  9. Kann een ausrechnen wéi vill Ausgaben duerch déi néi Reglementatioun pro Joer um Rëck vum Patient agespuert ginn? Wann nee, firwat net?

Villmools Merci am Viraus!

in Santé von
Bearbeitet von | 57 Aufrufe

2 Kommentare

Dier gewannt schon emol an der Kategorie, bescht formateiert fro ob fro.lu
https://www.rtl.lu/news/national/a/2254534.html#cid=2886837

Schued das d´Piraten net froen.

Bitte logge dich ein oder melde dich neu an um die Frage zu kommentieren.

Wilkommen auf FRO.LU - Hier können Sie ihre parlamentarische Anfrage vorschlagen. Die Abgeordneten Sven CLEMENT, Marc GOERGEN und Ben POLIDORI werden diese dann offiziel an die Regierung richten. Die Antworten werden daraufhin veröffentlicht und auf FRO.LU publiziert.