FRO.LU is under Development
+1 Stimme
32 Aufrufe

Ëmmer méi jonk Lëtzebuerger ginn an d’Ausland wunne wëll se sech de Wunnraum hei am Land net méi leeschte kennen a komme weiderhin als Frontalier all Dag op Lëtzebuerg schaffen.


Bei dëser jonker Generatioun ass de PACS vill méi beléift wéi d’Bestueden. Déi betraff Koppele sinn dacks, ier se d’Land verloosse Richtung Grenzregioun, schonn zu Lëtzebuerg gepacst an hunn doduerch eng gewësse Rechtslag am Bezuch zu hire Steiere (z.B. d'Optioun zur Imposition collective) an hire patrimoniale Relatiounen (aide mutuelle, contribution aux charges du ménage, etc.) 

D’Fro déi sech dobäi stellt ass op ee bestoenden PACS deen zu Lëtzebuerg gemaach ginn ass, nom Ëmzuch an d’Ausland weiderhi bestoe bleift.


Ee Wunnsëtz am Land ass laut dem Gesetz vum 9. Juli 2004 zwar keng explizit Conditioun fir de PACS kennen ze maachen, mee implizit vue que de PACS op der Gemeng déclareiert muss ginn an der d’Koppel de gemeinsame Wunnsëtz huet.  Doduerch, an och wann de Verloscht vum Wunnsëtz zu Lëtzebuerg och net explizit als ee vun de Grënn fir d’Opléisung vum PACS virgesinn ass, stellt sech d’Fro op d’plënneren a d’Ausland de PACS opléist an doduerch d’erwähnten Rechtslag vun den betraffenen Lëtzebuerger op d'Kopp stëllt an se nach méi pénaliséiert. 

vor in Justice von | 32 Aufrufe

Bitte logge dich ein oder melde dich neu an um die Frage zu kommentieren.

Wilkommen auf FRO.LU - Hier können Sie ihre parlamentarische Anfrage vorschlagen. Die Abgeordneten Sven CLEMENT, Marc GOERGEN und Ben POLIDORI werden diese dann offiziel an die Regierung richten. Die Antworten werden daraufhin veröffentlicht und auf FRO.LU publiziert.