FRO.LU is under Development
0 Stimmen
20 Aufrufe

Wann een e Virement duerchféiert, inklusiv engem via Payconiq, iwwermëttelt een (oft onbewosst an ongewollt) déi eege Wunnadress un den Empfänger. [1] Wat beim Bezuele vun enger Rechnung oder engem Don bei engem Stierffall nach "praktesch" ka sinn, werft awer eng Partie Froen zum Dateschutz op.

Vu dass ëmmer méi Fäll vu Finanzbedruch de Wee an d'Aktualitéit fannen, oft mat Täter déi laut Aussoe vun den Affer gutt iwwert se Bescheed wossten, wéilt ech dem oder den zoustännege Ministere follgend Froe stellen:

- Firwat ass et an Zäite vun Dateschutz a GDPR nach ëmmer Usus, dass d'Banke bei engem Virement d'Wunnadress un den Empfänger iwwermëttelen?

- Wéi ass dat vereinbar mam Prinzip vun der Dateminiméierung, esou wéi de GDPR et am Artikel 5 preconiséiert?

- Op wéi enger präziser rechtlecher Grondlag geschitt dës Iwwermëttlung vun der Adress? Ass dëst ofhängeg vun der Bank? Ass et eng lëtzebuergesch Eegenaart? Oder gëtt dëst am ganze Sepa-Raum esou gehandhaabt? [2]

- Iwwert wéi e Wee gëtt de Client iwwert dës Iwwerdroung vu senger Adress informéiert?


- Firwat gëtt och am Fall vu Payconiq d'Adress mat iwwermëttelt? (Dëst nieft dem kompletten Numm, oft mat zweetem an drëttem Virnumm, Informatiounen déi normalerweis net ëffentlech sinn.) Grad bei engem Bezuelinstrument, dat oft als Cash-Ersatz gesinn a benotzt gëtt (deels fir eng Grillwurscht um Dëppefest), ass d'Iwwermëttlung vun héichgradeg perséinlechen Informatioune weder eppes woumadder den Notzer rechent, nach eppes dat gerechtfertegt schéngt.

- Wäert et mat der Aféierung vum Payconiq-Nofolger Wero zu Verbesserungen op deem Niveau kommen oder exposéiert ee weiderhin massiv seng privat Donnéeë bei all Transfert?

Ofschléissend wier drun z'erënneren, dass all dës (a priori) net-ëffentlech Informatiounen, egal op zweeten an drëtte Virnumm oder Wunnadress, vun de Scammer kënne benotzt ginn, fir hiren Affer géintiwwer nach méi iwwerzeegend a glafwierdeg opzetrieden. Et ass verwonnerlech, dass grad d'Banken dës Informatiounen sou liichtfankeg präisginn.



[1] Reproducer fir Payconiq/BCEE: sech 1€ via Payconiq vun engem Bekannte schécke loossen. Déi Transaktioun taucht direkt an der Rubrik "Payconiq" an der S-Net App op, awer nach net um Compte courant. Een Dag drop taucht dee Crédit um Compte courant op, awer nach en italique. E weideren Dag méi spéit ass d'Transaktioun finaliséiert, net méi kursiv, an et kann een an der Iwwersiicht vun den Transaktiounen um Compte courant e Beleeg als PDF fir dëse Crédit eroflueden. Do dra fënnt een dann den Optraggeber samt senger Adress.

[2] "address of the Originator" (P005) schéngt laut de Regularien vum European Payments Council just "optional" an net "mandatory" ze sinn. Z.B. am SEPA Instant Credit Transfer Scheme Rulebook 2025 Version 1.1 op Säit 51:
https://www.europeanpaymentscouncil.eu/sites/default/files/kb/file/2025-10/EPC004-16%202025%20SCT%20Instant%20Rulebook%20v1.1.pdf
Ech sinn awer keen Expert wat déi Reglementatioun ugeet an op dat hei Dokument dat richtegt ass fir doriwwer ze urteelen.

vor in Économie von | 20 Aufrufe

Bitte logge dich ein oder melde dich neu an um die Frage zu kommentieren.

Willkommen auf FRO.LU. Hier können Sie parlamentarische Anfragen vorschlagen. Die Abgeordneten Sven Clement und Marc Goergen richten diese anschließend offiziell an die Regierung. Die Antworten werden daraufhin veröffentlicht und auf FRO.LU publiziert.