Am Kader vum Nationalfeierdag decernéiert de Grand-Duc all Joer veschidde Medailen u Perséinlechkeeten, oder soss Matbierger déi sech am Dingscht vu Lëtzebuerg verdingt gemaach hunn.
Sou och bei der POST, wou dest Joer am ganzen 143 Matarbechter fir hir berufflech Verdingschter am Laf vun hirer Carrière ausgezeechent si ginn.
Während eng feierlecher Zeremonie, huet de Minister Delles dunn 80 vun denen 143 Laureaten hir Medaile am Numm vum Grand-Duc iwwerreecht.
Wen awer elo méngt, dei 63 aner Laureaten, déi net op der Feierlechkeet konnte präsent sinn, well se am Congé, am Krankeschäin oder soss iergendéi verhënnert waren, hätten hir Medail nodréiglech iwwer de Postwee zougeschéckt oder soss iergendwéi kënnen an Empfang huëlen deen iiërt.
All dës Matarbechter hate Pech. Déi kréien hir Medail net an d‘POST hält déi zeréck fir zukünfteg Laureaten.
Dat ass net an der Rei, an net am Sënn vun der Saach.
All Matarbechter deen eng Medail vum Grand-Duc zouerkannt krut huet och e Recht dorop, an et ass net un enger Postdirektion fir Medailen zeréck ze halen, just well de Laureat se net op e bestëmmten Dag konnt entgéinthuelen.
Merci w.e.g. fir den Anonymat vum Oofsender ze respektéieren.