Moien Alleguer,
Et wier net schlecht mol vum Gesondheetsminister e puer weider Informatiounen ze kréien iwwert Gesetz vum 20. July 2018 wat d´Verschreiwung vum medizineschem Cannabis ugeet.
Notamment wier do mol no ze froen wéi et dann mat Patienten ass déi säit Joeren oder Joerzingten ënnert Maladies chroniques diffuses a maladies graves ze kämpfen hunn.
Et wier néideg méi détailléiert Expicatiounen vum Gesondheetsminister ze kréien par rapport zu uewe genanntem Gesetzestext, am allerwichtesten wier do d´Fro:
Wéi eng douleurs chroniques persistantes si viséiert an dem Gesetzestext.
Et ass evident a bewisen dass Douleurs chroniques e sensibelen an virun allem dauerhaften NEGATIVEN Impakt op d´Liewensqualitéit vum Patient hunn , dëss heiansdo grave Pëng kinnten mat medizineschem Cannabis definitiv erliichtert ginn.
Wéi ass et mat anere Krankheeten déi negativ Impakter hunn ob Liewensqualitéit vun de Patienten? Kinnt een do och net d´Liewenqualitéit vun dene Patienten verbesseren an deem si Zougang zu medizineschen Cannabis kriten?
Firwat musse Patienten wéi ech sech all Dag vollstopfen mat geféierlechen Barbituraten déi enorm gesondheetsschiedlech sinn fir eis Organer an eise Kierper?
Hei mol wat ech mer all Dag era zéien wéinst menger Epilepsie a menge chronesche Peng:
Depakine 500 2/j
Topomax 200 2/j
Trazolan 100mg
Temesta 2.5mg
Stillnoct 10mg
Zaldiar
Lyrica
Tilidin
Rantudil
Tramadol
Meng Liewerwäerter si katastrofal an dobäi drenken ech wéinst menger Epilepsie keng Drëpps Alkohol!
Medizinnesche Cannabis kinnt och mär mat menger Epilepsie a chronesche Peng vill hellefen.
Eng Formation continue wat d´Prescriptioun vu Cannabis médicinal ugeet, Formatioun organiséiert vum Ministère de la santé et la Direction de la santé huet e puer Mol scho statt fonnt, firwat gett et do keen offizielle Listing vun den Dokteren déi d´Formatioun mat gemaach hunn an däerfen medizinesche Cannabis verschreiwen?
Gi mettlerweil och erem nei Patiente zougeloos, et huet jo geheescht an der Summervakanz kinnten keng nei Patiente mei Cannabis verschriwwen kréien, wéinst enger Pénurie?? E Skandal! All Dokter an d´Apdikter an deene 4 Spidäler huet sou e Schreiwes vum Schneider kritt.
Firwat kann en Dokter den eng medizinesch Ausbildung huet a seng Patiente mat hiere Krankheete jo wuel keent net décidéieren dass sengem Patient mat medizineschem Cannabis kinnt gehollef ginn a den da wuel vill manner Pharmazeutika misst anhuelen?
Firwat ass Gesetz ob eemol einfach geännert ginn?
Am Gesetz vum 20- Juli 2018, Artikel 30-2.
Tout médecin autorisé à exercer sa profession au Luxembourg est autorisé à prescrire du cannabis médicinal à un patient, à condition que :
1. Le patient soit atteint d’une maladie grave, en phase avancée ou terminale, ou d’une maladie dont les symptômes ont un impact négatif sensible et durable sur sa qualité de vie et qui peuvent être atténués par l’administration de cannabis médicinal,
2.le médecin ait préalablement suivi une formation spéciale portant sur la pharmacologie du cannabis médicinal, ses formes de présentation, indications thérapeutiques et effets secondaires, ainsi que sur les modalités et bases scientifiques de sa prescription.
Am Reglement vum 21. August 2018, deen d'Gesetz aplizéiert, steet am Artikel 1:
La prescription du cannabis médicinal est réservée aux patients pour les maladies suivantes :
-
maladies graves, en phase avancée ou terminale, entraînant des douleurs chroniques,
-
maladies cancéreuses traitées par une chimiothérapie induisant des nausées ou vomissements,
-
sclérose en plaque avec spasticité musculaire symptomatique.
Nom Gesetzestext vum 21. August 2018,muss een schon hallew doud sinn fir iwwerhaapt medizinnesche Cannabis verschriwwen ze kréien, am Gesetz vum 20- Juli 2018, Artikel 30-2 huet et nach geheescht:
le patient soit atteint d’une maladie grave, en phase avancée ou terminale, ou d’une maladie dont les symptômes ont un impact négatif sensible et durable sur sa qualité de vie et qui peuvent être atténués par l’administration de cannabis médicinal.
Firwat ass dat geännert ginn?
Mengt de Gesondheetsminister etwa all Patienten mat joerzingten laange chronesche Peng sollten sech léiwer Barbituraten eran zéien am Plaatz mol dem medizinneschen Cannabis eng Chance ze ginn?
De Schneider ass nun halt eben mol keen Dokter, huet keng Medizin studéiert an huet keng Ahnung vum sengem Ministeschposten als Gesondheetsminister!
Och e Skandal!
Merci fir dëss QP un de Gesondheetsminister ze stellen.
MbG