FRO.LU is under Development
+1 Stimme
1.1k Aufrufe

Dës Fro betrefft elo méi Ministeren (Digitaliséierung; Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten; Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung; Educatioun, Kanner a Jugend).


Mech intresséiert wéi den Staat dem Klimawandel entgéint wierkt, ënner anerem huet de Staat eng helle wull un groussen Gebaier, ënner annerem och Schoulen:

    wéi gesäit et bei sou groussen Gebaier a punkto gréngen Stroum aus? (Dës Fro passt och op déi änner Gebaier vum Staat [Atelieren, Administratiounen, kleng Büroen])

  • Bezéien se dësen bzw. wéi vill produzéieren se selwer?

    ass do vir gesuergt dass e Schüler/in, net kann stonnelaang e Krunn lafen loossen? Elo am Wanter sinn se net ze ufälleg Hëtz ze verléieren (Ondicht Fënsteren bzw. Dier, asw.) ginn et Initiativen vir den Pabeier verbrauch ze reduzéieren:

  • zB. bei der Inscriptioun vun Kanner an de Schoulen, 
  • eng Ufro vir eng Prime 
  • bäschte Beispill eng Prime Unique beim Logement muss en 3x12 Paie Ziedel (36 Blieder) (mat Liewenspartner 6*12 Paieziedeln (72 Blieder)) erausdrécken.
    ginn et Initiativen vir Communication iwwer den Post-Wee ze reduzéieren:

  • CTIE informéiert wann en sech bei myGuichet “registréiert” huet
  • an de Schoulen Retenuen, avm.


Momentan gëtt vill iwwert GDPR geschwat an Ofsécherung mais wéi gesäit am Punkt Stroumverbrauch aus beim CTIE an CGIE, wéi bezéien déi hiren Stroum vir hier Serveuren umlaafen ze haalen, wéi vill ass do den Verbrauch?


Wéi gesäit mam Punkt Knascht bzw. Elekto-Schrott bei dësen 2 Servicer aus:


  • Ginn et do automatesch Prozeduren vir en Computer no x Joeren ze wiesselen?
  • Falls jo, sinn Computeren dann schonn wierklech Schrott räif an wat passéiert mat dem aalen Material?
  • Bei den Soumissiounen, gëtt do och Wert drop geluet, villäicht ëmweltfrëndlech Verpakungen ze kréien (zB. en Écran net an 3 Stéck Styropor, dann nach all eenzel Deel an enger Plastikstut an nach 3 verschidden Uschloss Kabel, wou der 2 fléien).

in Éducation nationale, Enfance et Jeunesse von | 1.1k Aufrufe

Bitte logge dich ein oder melde dich neu an um die Frage zu kommentieren.

Wilkommen auf FRO.LU - Hier können Sie ihre parlamentarische Anfrage vorschlagen. Die Abgeordneten Sven CLEMENT, Marc GOERGEN und Ben POLIDORI werden diese dann offiziel an die Regierung richten. Die Antworten werden daraufhin veröffentlicht und auf FRO.LU publiziert.