FRO.LU is under Development
+1 Stimme
1.5k Aufrufe
Eng sëlleche Beamten, déi berufech mam Fliiger ënnerwee sinn, loosse sech déi betreffend Miles op hirer perséinlecher « miles and more » Kaart guttschreiwen. Dës « gratis » Miles ginn duerno dacks vun de Beamte benotzt fir privat ma Fliiger ze fueren (z. Bsp an d’Vakanz). Sinn dës Praktiken dem Finanzminister an dem Minister vun der Fonction publique bekannt? Wier et net méi sënnvoll an deonthologesch richteg fir dass all Ministère selwer eng « miles and more » Kaart hätt an déi guttgeschriwwe Miles benotzt fir dass déi nächst Déngschtreess manner deier gëtt?
geschlossen mit Kommentar: Ugesiichts dem aktuellen Fluchaschränkungen duerch d'Covid-19-Pandemie, ass dës Fro an eiser Vue fir de Moment net opportun. MbG
in Fonction publique von
Angenommen und geschlossen von | 1.5k Aufrufe

1 Reaktion des Abgeordneten - Anfrage angenommen

Moien,

Är Fro ass ugeholl. 

Mir wäerten se allerdéngs erréicht no der COVID-19-Pandemie stellen.

MbG
von
Wilkommen auf FRO.LU - Hier können Sie ihre parlamentarische Anfrage vorschlagen. Die Abgeordneten Sven CLEMENT, Marc GOERGEN und Ben POLIDORI werden diese dann offiziel an die Regierung richten. Die Antworten werden daraufhin veröffentlicht und auf FRO.LU publiziert.