FRO.LU is under Developement - Expect bugs.
+5 Stimmen
50 Aufrufe
An de leschte Joeren ass d'Zuel vun de Plainten, déi bei der Médiatrice agereecht gi sen; staark an d'Luut gaang. 2015 waren ët nach 749 Plainten. 2017 waren ët der 1149. An Tëschenzait kënt ët zu Retarden, well di Institutioun iwerfuerdert ass.

Wéi bewert d'Regierung dës Augmentatioun? (Ass ët en Zeechen, dat di Institutioun ëmmer méi bekannt gët oder e Malaise am Verhältnis tëscht der Populatioun an der Verwaltung)

Denkt d'Regierung driwer no, déi Institutioun ze stärken, doduerch dat nei MataarbeschterInnen agestallt gin?

Wann een d'Rapporten liest, fällt op, dat sech d'Plainten op eng Rei vu Verwaltungen konzentréiren. Wier ët an sou engem Fall nët ubruecht, dat di betreffend Verwaltungen zesummen mat der Médiatrice no Léisungen sichen fir di Problèmer ze verhënneren?

Wier ët nët un der Zait, de Mandat vun der Médiatrice unzepassen, an hier ënnert aanerem och d'Méiglechkeet ze gin, op eegen Initiative; d.h., ouni dat si sech muss op de Fall vun engem Betraffenen bezéien, ze enquêtéiren an och Verbesserungsvirschléi ze maachen?
in Justice von | 50 Aufrufe

Bitte logge dich ein oder melde dich neu an um die Frage zu kommentieren.

Wilkommen auf FRO.LU - Hier können Sie eine parlamentarische Anfrage vorschlagen und gemeinsam abstimmen. Die Abgeordneten Sven CLEMENT und Marc GOERGEN können diese dann offiziel an die Regierung richten. Die Antworten werden dann auch auf FRO.LU publiziert.