FRO.LU is under Development
0 Stimmen
1.5k Aufrufe
Bonjour/ Gudde Moien alleguer,

An de leschte puer Wochen gouf an de Médie des öfteren virun Attaques vu PISHING gewarnt. En ganz Parti greisser letzebuerger Entreprisen woren/sinn dovunner concerneiert. Banken, Assurancen, Luxtrust(!!), Post, etc...

Fro: - weivill esou Attaquen goufen bei den dofir zoustännegen Autoriteiten gemellt?

- Weivill Plainten gouf et 2021 zu desem Sujet? 

-Op weivill gett den entstaanenen Schued (fir 2021) beziffert? Wien kennt dovir op? 

-Bei weivill Enqueten konnten Malfaiteuren identifizeiert ginn an der Justiz zougefouert ginn ? 

- Wisou huet den eenzelne Bierger net d’Recht eng Plainte ze maachen, esou laang een net ze Schued komm ass, zum Beispill weinst “usurpation d’identité”. 

- Waat gedengt Justiz ze ennerhuelen, fir esou (Tentative de) Fraude an de Greff ze kreien? Vu dass d’Auteuren meiglecherweis net hei am Land setzen, wei geseit do dei international/europäesch Kollaboratioun teschent den Autoriteiten aus? 

Gett den Terrain “kampflos” den Malfaiteuren iwwerlooss? 

- En Cascade: wisou kann dem Bierger en Supplement faktureiert ginn, wann en vun den Entreprisen verlaangt, Rechnungen NET mei iwwer Courriel ze kreien mee aus Secherheetsgrenn iwwer Pabeierrechnung iwwert den traditionnellen Post-Wee. 

Ech hun neischt geint Digitalisatioun, mee als Bierger well ech net “gezwongen” ginn mech permanent der Arnaque vu Pishing auszesetzen. 

Bescht Greiss

Jean Louis 
Angenommen und geschlossen
in Justice von
Angenommen und geschlossen von | 1.5k Aufrufe

2 Kommentare

Re-Moien,

Natirlech soll et PHISHING (matt “h”) hei uewen heeschen. 
Gudde Mëtteg,

Är Fro gouf haut geäntwert. D'Äntwert ass elo op eisem Site nozeliesen.

Mir soe Merci fir déi intressant Fro an bleiwen disponibel wa weider Froe bestinn.

Mat frëndleche Gréiss,

1 Reaktion des Abgeordneten - Anfrage angenommen

Beste Antwort

Gudde Mëtten,

 

Mir hunn är Fro un déi zoustänneg Ministere weidergeleet, dir kënnt se hei noliesen: https://piraten.lu/fro-lu-phishing-attaken/

 

D'Fro no der Facturatioun vun de Pabeiersrechnungen hunn mir net gestallt, wëll an eisen Aen hei engersäits d'Verschécke vu Bréiwer mat minimal méi Opwand verbonnen ass, zu zousätzlecher Ressource Notzung féiert an et hei och d'EU ass, déi op ee méi groussen Asaz vun elektronesche Rechnunge setzt (https://piraten.lu/facturation-electronique-au-luxembourg/ ). Den zousätzleche Präis schéngt eis an dem Kontext net onraisonnabel.

 

Mat frëndleche Gréiss,



von
Wilkommen auf FRO.LU - Hier können Sie ihre parlamentarische Anfrage vorschlagen. Die Abgeordneten Sven CLEMENT, Marc GOERGEN und Ben POLIDORI werden diese dann offiziel an die Regierung richten. Die Antworten werden daraufhin veröffentlicht und auf FRO.LU publiziert.