Le téléchargemUpload failed: [object Object]ent d'images est actuellement désactivée.
Gudde Mëtteg,
Am CHEM zu Nidderkuer gëtt ALL allgemeng Echographie mat engem Siemens Acuson S2000 Ultraschall Gerät gemaach.
(https://www.ultrasoundsupply.com/products/ultrasound-machines/siemens-ultrasound/siemens-acuson-s2000/).
Wéi am Link ze gesinn ass dëst Gerät mëttlerweil scho 15 Joer um Maart.
Am selwechte Spidol bei engem Gastro-Entérologue (Dr Bamberg) steet nach eng méi al Maschinn, warscheinlech schonn iwwert 20 Joer al.
Kann d´Madamm Minister opzielen, jee no Spidol, wéi vill Ultraschallgeräter déi verschidde Servicer/Dokteren (allgemeng Echographien, Kardiologie, Urologie, Nephrologie etc) an deene 4 Spideeler hunn?
Kann d´Madamm Minister, jee no Spidol an no Service opzielen säit wéini genau dëss Geräter „en service“ sinn bzw. wéini se kaaft gi sinn?
Ass d´Madamm Minister net der Meenung dass d´Evolutioun vu medezineschen Ultraschall- Geräter säit 15 Joer e Quantesprong gemaach huet wat d´Opléisung an deementspriechend och d´Diagnostik vum kranke Patient ugeet?
Ass d´Madamm Minister net der Meenung dass ural Ultraschallgeräter missten zum Wuel vum Patient ersat ginn?
Ass d´Madamm Minister net der Meenung dass de Patient an de Spideeler misst vun vun deenen neisten a Ultraschallgeräter ënnersicht ginn, zemools sou e Gerät wäit ënnert dem Präis vun 15.000€ läit an sech an 1 Joer schonn rentabiliséiert?
Villmools Merci am Viraus.
MbG