FRO.LU is under Development
0 Stimmen
624 Aufrufe
KEch beschäftege mech säit enger Zäit mat dem Thema Wasserstoffauto, an hun mech gefroot ob dei och subventioneiert gin? Gläichzäiteg froen ech mech ob et net besser wier dass mer des Energie mei fuedere  wei Strom. Menges momentanen Wessen no ass dat mei propper wei all e-auto amecht mei kilometeren an ass am konsum mei belleg wei Benzin. Dofier kengt een do net eppes maachen dass dest mei ennerstetz gett vum Staat? An halt dei zousätzlech Tankstellen dofier opriiten? Well et eng ganz intressant an propper Produktion baal ass.

MbG

Marso
in Mobilité et Travaux publics von | 624 Aufrufe

1 Kommentar

Gudde Mëtten,


Jo Waasserstoffautoen ginn och subventionnéiert: https://guichet.public.lu/de/entreprises/sectoriel/transport/secteur-routier/deduction-mobilite-durable-2019.html


Mir Piraten gesinn den Waasserstoff éichter als eng gutt Alternativ bei den Camionen wéi bei den Autoen. D'Produktioun vun de Waasserstoffautoen ass ze Energie intensiv an net lukratif fir d'Autoshiersteller. D'Camionen kënnen méi schwéier op Elektresch ëmstelle wéinst der Räichwäit. 


Wat d'Tankstellen ugeet, esou ass jo virun kuerzem eng Tankstell opgemaach ginn. https://www.facebook.com/MEALuxembourgOfficiel/posts/pfbid029aFNEbXWEQwX39ihuFSphGyykdo1tQrNGahp1jhkt4EMxo1mKCrkD2yBkw5APvFJl


Wat zukünfteg Investissementer vun der Regierung ugeet, esou denke mir, dass et besser ass ze waarden bis den nächsten Koalitiounsaccord ausgeschafft ass, fir dann nach eng Kéier nozefroen.


Mir bieden ëm äert Versteesdemech.


Mat frëndleche Gréiss,

Bitte logge dich ein oder melde dich neu an um die Frage zu kommentieren.

Wilkommen auf FRO.LU - Hier können Sie ihre parlamentarische Anfrage vorschlagen. Die Abgeordneten Sven CLEMENT, Marc GOERGEN und Ben POLIDORI werden diese dann offiziel an die Regierung richten. Die Antworten werden daraufhin veröffentlicht und auf FRO.LU publiziert.